Search

You may also like

Konschtverständnes vu polnescher Regierung hält bei der „Banann“ op
Kultur Neiegkeeten

Konschtverständnes vu polnescher Regierung hält bei der „Banann“ op

Eng Damm ësst eng Banann, dat och nach siichtlech mat

EU-Parlament setzt Chef-Diplomat op d‘Plaz
Kultur Neiegkeeten

EU-Parlament setzt Chef-Diplomat op d‘Plaz

Et war den éischte Besuch vun engem EU-Diplomat zu Moskau

surprise
Den SEW-OGBL start seng Campagne #echwieremech
Kultur Neiegkeeten

Den SEW-OGBL start seng Campagne #echwieremech

Beim Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL zerbrécht ee sech

Zweete Weltkrich: Wéi hunn d’Lëtzebuerger hir Kultur gelieft?

Eng spannend Expo am CNL zum literaresch-intellektuelle Liewen zur Zäit vum Krich

Fir dat däitsch Wiesen am Mënsch ze integréieren muss och déi däitsch Kultur implementéiert a vun der Bevëlkerung gelieft ginn – dat war den Nationalsozialisten hir Iwwerleeung. Datt d’Lëtzebuerger, getrei dem Motto „Mir wëlle bleiwe wat mir sinn“, stur bliwwe sinn, déi eegen Traditiounen weiderféieren, déi eege Musek weiderspillen an déi eege Literatur weider verëffentleche wollten, huet dem Regimm e Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Och haart Strofen an den Aarbechtslager konnten de Wëllen net briechen.

Den Nationale Literaturzenter (CNL) zu Miersch invitéiert nach bis den 30. Juli 2021 op seng Expo „Lëtzebuerg an den Zweete Weltkrich“, bei där a fënnef Säll de Fokus op dat literaresch-intellektuell Liewen am Groussherzogtum geluecht gëtt.

Ënnert anerem gëtt déi systematesch Integratioun vun der däitscher Kultur an eisem Land thematiséiert, d’Verkafsverbuet vu Lëtzebuerger Bicher oder och d’Theateropféierungen. Ma, och d’Geschicht vum Auteur a Journalist Pierre Grégoire gëtt opgegraff, sou wéi dem Siggy vu Lëtzebuerg (Lucien Koenig) seng Initiative, déi national Identitéit mat der Literatur ze stäerken.

D’Laache wollte sech d’Leit net huele loossen, ob si elo mam Geessekapp fir hir „Meckerei“ gekennzeechent gi sinn, ëmmer méi Verbueter ausgeschwat goufen oder d’Aarbechtslager gedreet huet. Mat satireschen an humorvolle Gedichter huet ee sech um Liewe gehalen.

Wou a wéini?

D’Ausstellung „Lëtzebuerg an den Zweete Weltkrich“ luet bis den 30. Juli 2021 an, ob eng spannend Rees duerch d’Literatur an d’Kultur zu Krichszäiten an den nationale Literaturzenter zu Miersch (CNL) an. Vu Méindes bis Freides (09:00 bis 17:00 Auer) ass op, den Entrée ass gratis.

Duerch déi aktuell Lag a sanitär Bestëmmungen ass d’Droe vun enger Schutzmask Flicht. Just 15 Persounen dierfe gläichzäiteg d’Expo besichen. Guidéiert Visitte ginn et momentan keng.

D’Ausstellung an de Katalog goufen opgestallt vum Claude D. Conter, Daniela Lieb, Marc Limpach, Sandra Schmit, Jeff Schmitz a. Josiane Weber.

Och ausserhalb vun der Expo kënnt Dir een Exemplaire vum Katalog (ISBN 978-2919903-88-7), mat villfältegen Informatiounen an erklärende Biller, déi sech op 596 Säiten ausbreeden, fir 45 € kafen.

Uewen fannt Dir eng kleng Billergalerie zur Ausstellung.

Related topics Aarbechtslager, Ausstellung, CNL, Expo, Fotografie, KZ, Lëtzebuerg an den Zweete Weltkrich, Literatur, Miersch, Mir wëlle bleiwe wat mir sinn, Musék, Nationale Literaturzenter, Nationalsozialismus, Pierre Grégoire, Siggy vu Lëtzebuerg, Strofen, Sturheer, Verbuet
Next post Previous post