Search

You may also like

Réckféierung vu mannerjäregem Georgier, Stellungnam vum Minister
Neiegkeeten

Réckféierung vu mannerjäregem Georgier, Stellungnam vum Minister

Et hat vill Rumeuren an eng grouss Mobilisatioun an de

6. Editioun vum Walfer Konscht- & Hobbymaart
Neiegkeeten

6. Editioun vum Walfer Konscht- & Hobbymaart

Hobby-Handwierker, et ass nees Zäit sech zu Walfer ze versammelen!

Nei am Verlag Lilu: De Molbier
Neiegkeeten

Nei am Verlag Lilu: De Molbier

Am neie Wierk „De Molbier“ gëtt d’Geschicht vum klenge Bier

Zwou Gewerkschaften, ee Géigner?

Zwou Gewerkschaften, ee Géigner?

Laut dem OGBL wieren se zu hirer 2.500 Militante gewiescht, déi an der Stad, géint déi vum Patronat gefuerdert „Flexibilitéit“ a fir eng besser Bezuelung manifestéiert hunn. Den LCGB, aktuell net an engem gudde Verhältnis mam OGBL, hat seng Leit op Esch-Uelzecht agelueden.

An et ware virun allem d’Grenzgänger déi hirer Roserei fräie Laf gelooss hunn. En Aarbechter hat op sengem Plakat „Mir hunn es sat“ stoen, an huet dat duerchaus eescht gemengt. Hien ass der Meenung, datt wann d’Patrone weider op Flexibilitéit setzen an d’Aarbechtszäite verlängeren, da kënnt geschwë kee méi heihinner schaffen.

Bei enger Patronatsfuerderung, déi op eng 54 Stonnewoch aus ass, verständlech. D’Manifestatioune sinn dann och dat wat een e „Warnschoss“ nennt. Den OGBL denoncéiert hei d’Verweigerung vum Patronat, endlech zu engem Kollektivvertrag ze kommen. Verhandlungen déi schonn 2016 hätte sollen ofgeschloss ginn, mee deenen sech d’Patronat entzunn huet.

Engem Patronat deem de Sträit tëscht de Gewerkschaften an d’Kaarte spillt, och wann dat vun de Gewerkschaften eppes differenzéiert gesi gëtt. Den OGBL-President André Roeltgen, bedauert dann och d’Entscheedung vum LCGB, deem hie „politeschen Aktivismus“ virgehäit. Hien ass awer zouversiichtlech, de Kollektivvertrag och ouni den LCGB hinzekréien.

Ugeschwat op e méigleche Streik am Bausecteur, bestätegt den OGBL-President, datt si bereet sinn fir hir Fuerderungen ze kämpfen. Dat sinn eng Lounerhéijung vu 4,5% an d’Ausbezuele vun enger Prime an héicht vu 600 Euro, wéinst dem Retard bei de Verhandlungen. Gefuerdert gëtt och, datt kee méi soll behënnert ginn, deen eng berufflech Formatioun wëll maachen.

(Bal) datselwecht Bild zu Esch

Den LCGB, dee seng Militanten (laut Gewerkschaft ronn 500 Leit) zu Esch op der Stadhausplaz versammelt huet, setzt sech, obwuel Minoritär am Bausecteur, och fir seng Memberen an. Et géif ee fir d’Rechter vun den Aarbechter manifestéieren, sech fir e Kollektivvertrag asetzen dee substantiell Verbesserunge fir d’Salariat enthält.

Esou refuséiert och den LCGB d’Fuerderunge vum Patronat fir méi Flexibilitéit a verlängert Aarbechtszäiten. Wat d’Paie betrëfft, esou ass déi chrëschtlech Gewerkschaft eppes manner gurmangseg wéi den OGBL, a géif sech mat enger Lounerhéijung vun 1,5% (pro Joer a während dräi Joer) zefridde ginn. Och d’Prime vu 600 Euro kéint op dräi Joer verdeelt ginn.

Vill vun de Manifestanten zu Esch hunn déi selwecht Suerge wéi hir Kollege beim OGBL. Si fillen sech vum Patronat schlecht behandelt, a verlaange vun dësem Formatiounen ugebueden ze kréien, fir an hirer Carrière weiderzekommen. „Mir si fest entschloss, wann eis Fuerderungen net behäerzegt ginn, och dofir ze streiden, noutfalls ze streiken“, betount e Manifestant.

An dat ass dann och am Resumé de Message, deen den LCGB-Nationalpresident, Patrick Dury, un d’Patronat geriicht huet. Dee soll wëssen datt d’Gewerkschaft e Resultat um Verhandlungsdësch erreeche wëll. Sollt d’Patronat dëse Wee net matgoen, géif een déi ugestrieften Ziler mat alle Mëttel duerchsetzen, a wann et mat engem Streik muss sinn.

Foto: Laut dem OGBL hätten sech um Dënschdegowend 2.500 Aarbechter aus dem Bausecteur, un der grousser Maniff bedeelegt. © OGBL/Syndicat Batiment

Related topics Bausecteur, LCGB, OGBL
Next post Previous post