Search

You may also like

EU Gesondheetsminister zouversiichtlech
International Neiegkeeten

EU Gesondheetsminister zouversiichtlech

Et war déi éischt physesch Reunioun vun de Gesondheetsministere vun

Wat iech dëse Sonndeg am Minettpark gebuede gëtt
International Neiegkeeten

Wat iech dëse Sonndeg am Minettpark gebuede gëtt

Dëse Sonndeg 28. Juli fënnt am Minettpark zu Déifferdeng déi

De Joe an de Justin setzen sech fir Klimaneutralitéit an
International Neiegkeeten

De Joe an de Justin setzen sech fir Klimaneutralitéit an

Beim virtuelle Sommet USA-Kanada hunn sech d‘Staatscheffe Joe Biden a

Och op der Flucht brauch et Geld

An Nigeria sinn zwou Millioune Flüchtlinge vun enger liewensbedreelecher Präisdeierecht betraff

Och op der Flucht brauch et Geld

D’Mënschen, déi duerch de Konflikt am Nordoste vun Nigeria hu missen aus hirer Heemecht flüchten an hir Liewensgrondlag verluer hunn, musse wéinst der Inflatioun déi klëmmt, stänneg drëms kämpfen, iwwerhaapt Liewensmëttel op den Dësch ze kréien.

Den National Bureau of Statistics erkläert, datt den Inflatiounstaux am Mäerz 2021 mat 18 Prozent eng Rekordhéicht uweist. Well d’Mënschen duerch de Konflikt geflücht sinn a soumat schonn alles verluer hunn, sinn si vun de Präiserhéijungen am stäerkste betraff a gehéieren zu de schutzbedierftege Persounen.

„Virdru waren d’Präisser vun de Saachen akzeptabel. Zanter der Erhéijung ass alles deier ginn. A well ech meng Saachen am Lager verkaf hunn, weess ech, datt d’Mënschen déi geflücht sinn, elo schonn erëm verdriwwe ginn, well de Präis net méi dee selwechten ass. Ech muss hier Situatioun berécksiichtegen“, seet den Ali Kolomi. Hien ass mat senger Famill, déi aus 9 Persoune besteet geflücht a bedreift elo ee Liewensmëttelbuttek an engem Lager fir Flüchtlingen zu Maiduguri, der Haaptstad vu Borno.

Et ass e bewaffente Konflikt, dee schonn iwwert ee Joerzéngt unhält. Doduerch hu misse méi wéi 2 Millioune Mënschen aus dem Nordoste vun Nigeria flüchten. Et ass e komplexen humanitären Noutfall, deen déi ganz Welt betrëfft. Et soll keen ewech kucken. Wéi dës Mënschen hier Heemecht verlooss hunn, hunn si alles hannert sech gelooss a verluer. An elo hunn si Dag fir Dag Problemer hier liewenswichteg Bedierfnisser ze befriddegen. D’Liewensqualitéit ass ganz fort.

„D’Mënsche kämpfen ëmmer méi. Familljen hunn Méi sech ëm hier Léifsten ze këmmeren an Aarbecht ze fannen sou wéi Iessen op den Dësch ze bréngen,“ seet d’Sarrah El Moumouhi, stellvertriedende Chef vun der Maiduguri-Ënnerdelegatioun fir den Internationale Comité vum Roude Kräiz (ICRC).

Offiziell Statistike besoen, datt 40 Prozent vun der Bevëlkerung (oder bal 83 Millioune Mënschen) ënnert der Aarmutsgrenz vum Land liewen. Den Internationale Comité vum Roude Kräiz hëlleft de Persounen, déi opgrond vum Konflikt hiert Akommes verluer hunn. Mat klenge Subventiounen ass et zum Beispill méiglech ee klengt Geschäft ze grënnen. Allerdéngs ass et duerch déi staark Inflatioun schwéier, dëst iwwer Waasser ze halen.

D’Aisha Umar, eng Wittfra aus Borno, lieft zanter siwe Joer am Lager Bakassi zu Maiduguri. No engem Attack ass hatt mat sengen 8 Kanner geflücht. Am Joer 2019 krut d’Aisha eng kleng Subventioun vum Comité. Ier et zum Stroumausfall koum, vun deem d’Stad 6 Méint laang betraff war, huet hatt Glace verkaf. Den Elektrizitéitsmangel huet de Präis vum Äis erhéicht an hatt kann sech et net méi leeschten. D’Resultat ass, datt d’Aisha wéi vill aner Leit, déi op Elektrizitéit fir hir Geschäfter vertraut hunn, eng aner Akommesquell huet misse fannen.

„Elo kafen ech kleng Déiere fir d’Investitioun um Lafen ze halen. Wann ech Widder fir 30.000 oder 40.000 Naira kafen, kann ech se fir 60.000 oder 70.000 Naira verkafen. Dann zéien ech d’Käschte fir d’Liewensmëttel of, de Rescht notzen ech, fir d’Schoul vun de Kanner ze bezuelen.“

Am Joer 2020 hunn méi wéi 16.000 Persoune kleng Subventioune vum internationale Comité vum Roude Kräiz kritt. 173 Persoune kruten eng Subventioun déi duerch eng Partnerschaft vum ICRC an der Tony Elumelu Foundation entstanen ass. Mat dëser Hëllef kënnen si sech eventuell en neit Liewen opbauen.

Foto: © ICRC

Related topics Flüchtlingen, ICRC, Inflatioun, Nigeria, Präisdeierecht
Next post Previous post