Search

You may also like

London: de Covid19 iwwerhëlt d‘Regierungsgeschäfter
Neiegkeeten

London: de Covid19 iwwerhëlt d‘Regierungsgeschäfter

Et war de Boris „King of the World“ Johnson „himself“

Ouni Chantiere gëtt et keng Stadentwécklung
Neiegkeeten

Ouni Chantiere gëtt et keng Stadentwécklung

Eis Haaptstad wiisst, demographesch a wirtschaftlech. Dat bedeit awer, datt

Clever Fueren, Clever Lueden: Mat méi Opluetstatiounen, och fir Doheem
Neiegkeeten

Clever Fueren, Clever Lueden: Mat méi Opluetstatiounen, och fir Doheem

Bei der Pressekonferenz haut de Moien hunn d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg

Zwou nei Maisons Médicales an der Haaptstad an um Belval

Zwou nei Maisons Médicales an der Haaptstad an um Belval

Déi medezinesch Grondversuergung ass eng wichteg Sail am Lëtzebuergesche Gesondheetssystem, a genee dofir ass et wichteg d’Offeren ze stäerken. D’Patiente sollen déi beschtméiglech Fleeg garantéiert kréien. Zu dësem Zweck huet de Gesondheetsministère déi zukünfteg Standplaze fir zwou nei Maison Médicalen am Zentrum an am Süde vum Land virgestallt. Si sollen déi Strukturen, déi de Moment bestinn ersetzen.

„D’Ariichtung vun dëse Maisons Médicales ass e grousse Schratt no vir. Et ass eng Verbesserung vun der Grondversuergungsoffer. Ech schätzen déi enk Zesummenaarbecht mat der Association des médecins et médecins-dentistes (AMMD) an dem Cercle des médecins-généralistes (CMG). Hier Ënnerstëtzung ass immens wäertvoll – zemools wa mir ee Gesondheetssystem schafe wëllen, deen den Erausfuerderunge vun der moderner Medezin gewuess ass an och de Bedürfnisser vun eise Patienten entsprécht“, sou d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Lëtzebuerg huet de Moment dräi Maisons Médicales fir déi medezinesch Grondversuergung: An der Rue Michel Welter zu Lëtzebuerg, an der Rue Émile Mayrisch zu Esch-Uelzecht, sou wéi an der Avenue Lucien Salentiny zu Ettelbréck. Si erméiglechen de Patienten den Zougang zu Consultatiounen, an dat och ausserhalb vun den Ëffnungszäite vun de Praxissen (an der Nuecht, de Weekend oder wärend de Feierdeeg).

Déi bestoend Maisons Médicales goufen am Dezember 2010 ageriicht. Se sinn net méi un déi wuessend Zuel vu Patienten ugepasst. Zemools elo, wärend der sanitärer Kris ass d’Situatioun schwéier ze handhaben.

Déi éischt Well vun der Pandemie huet tatsächlech gewisen, wou d’Grenze leien. Et war onméiglech zwou getrennte Berodungen duerchzeféieren. D’Waardezëmmer waren ze kleng an déi néideg Distanz konnt net agehale ginn.

Fir eng verbessert Versuergung a Behandlung vu Patienten

Déi nei Zentre berécksiichtegen d’Ufuerderunge vum Strategieplang. Esou kënnen d’Versuergung, d’Urees vun de Patienten, sou wéi déi néideg Gesondheetsmoossname verbessert ginn.

Dat neit Konzept bitt zousätzlech multidisziplinär Déngschtleeschtungen un. Et geet drëms, de Bedierfnesser vun der Bevëlkerung gerecht ze ginn. Se wäerten och besser mam Auto oder den ëffentleche Verkéiersmëttel erreechbar sinn.

Ausserdeem soll de Patienten eng permanent Versuergung an der Allgemengmedezin erméiglecht ginn oder getrennte Behandlungen duerchzeféieren (zum Beispill bei Unzeeche vun enger COVID-19-Infektioun). Si gi flexibel op Grondbedierfnesser ofgestëmmt, an zu engem strategesche Lien an der Organisatioun vun der Primärfleeg zu Lëtzebuerg.

D’Aarbechten hunn am Januar 2021 ugefaangen. Déi geschätzte Gesamtinvestitioun läit bei 5 Milliounen Euro. D’Erëffnung ass fir Enn August oder Ufank September geplangt.

Nei Adressen:

  • 23, Val Fleuri L-1526 Luxembourg
    • Zu Fouss erreechbar vum CHL
    • Gesamtfläch: +/- 1000m2
  • Avenue du Swing, Southlane Tower, Belval- Sanem
    • An der Géigend vun der Universitéit, der Gare Esch-Belval an dem zukünftege Südspidol.
    • Gesamtfläch: +/- 700 m2

Weider Informatioune fannt Dir op sante.public.lu.

Related topics AMMD, Behandlung, Belval, CMG, Erausfuerderung, Fleeg, Gesondheetsministesch, Maison Médicale, Nei Gebaier, Paulette Lenert, Santé
Next post Previous post