Pedibus Stad: Vum Januar un kommen zwou Linnen dobäi

Den 3. Januar, direkt no der Chrëschtvakanz féiert d’Stad Lëtzebuerg zwou nei Linnen mam Pedibus an.

Mat dësem, ass et de Kanner méiglech a Begleedung vun hire Schoulkomeroden an ënnert der Opsiicht vun engem Guide, hiere Schoulwee zu Fouss ze meeschteren. Nom grousse Succès vun dësem Projet kommen elo nach zwou Linnen dobäi – eng um Belair an eng zousätzlech Linn um Cents. Fir de Pedibus ze notzen, mussen d’Eltern hier Kanner schonn am Viraus umellen. De Formular ass op der Säit pedibus.vdl.lu disponibel.

Et ass och méiglech sech iwwert déi selwecht Säit als Guide unzemellen.

Dobäi wäert d’Linn um Belair véier Arrêten hunn: Charlemagne Strooss, d’Oradour Strooss, Théodore Eberhard an Charles Arendt Strooss. Dës Linn féiert d’Schüler bis bei d’Grondschoul Gaston Diderich.

Um Cents bedéngt déi zousätzlech Linn 3 Arrêten – dës gi bei dee scho bestoende Wee dobäi gesat.

Elo gëtt Pommiers Strooss beim Sport- a Schoulzentrum mat der Léon Kauffman Strooss verbonnen. Ee weideren Arrêt ass d’Père Dominique Pire Strooss, d’Raoul Follereau Strooss, d’Alouettes Strooss esou wéi d’Tréierer Strooss. Kanner ab dem 1. Cycle kënnen dës Linn benotzen an zesumme mat Frënn an d’Schoul trëppelen.

De Pedibus ass alles, wat ee gesonde Schoultransport ausmécht. E fërdert de Foussgängerverkéier a sensibiliséiert d’Kanner anengems am Stroosseverkéier. En ass gesond, ökologesch an verbënnt ënnerschiddlech Linnen mateneen.

Fest Arrêten, déi duerch Schëlder markéiert sinn, stelle sécher, datt d’Schüler sech um richtege Wee befannen. Duerch den erwuessene Guide ass de Pedibus eng sécher an och nohalteg Alternativ zum Bustransport.

Weider Informatioune fannt Dir hei.

Dernières nouvelles