Search

You may also like

ReviLux: Situatiounsiwwersiicht Woch 32
International Neiegkeeten

ReviLux: Situatiounsiwwersiicht Woch 32

Den Nationale Gesondheetslaboratoire (LNS) huet d‘Resultater vu sengen ënnersichte Prouwe

Police stiermt Oppositiounsforum zu Moskau
International Neiegkeeten

Police stiermt Oppositiounsforum zu Moskau

Bei enger Versammlung vun der russescher Oppositioun sinn iwwer 150

Plëss: Wiener-Owend mat der Militärmusek an der Danzschoul Mireille Roulling
International Neiegkeeten

Plëss: Wiener-Owend mat der Militärmusek an der Danzschoul Mireille Roulling

De Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d‘Militärmusek hunn déi

Zypern bleift Konservativ

Wéinst Korruptioun hunn déi etabléiert Parteien eppes Buedem verluer an de Faschisten eng Plaz an der Mëtt vun der Gesellschaft geschafen

Zypern bleift Konservativ

Déi konservativ DISY ass trotz „Hand ophalen“ nach ëmmer déi stäerkste Kraaft op der vun Ankara beusprochte Mëttelmierinsel. Allerdéngs huet déi konservativ a just dem Numm no „Demokratesch Gesamtbeweegung“ (DISY) duerch säi verantwortlechen Ëmgang mat der Politik an de Bierger, de Rietsextremen och endlech derzou verhollef, sech an der gesellschaftlecher Mëtt ze imposéieren.

Bei de Parlamentswale vum Weekend, esou d‘Meenung vum DISY-President Aweroff Neofytu, hu sech d‘Bierger fir „Seriositéit a Verantwortung“ ausgedréckt. D‘Vollek hätt entscheet, datt seng Partei de Garant vun der Demokratie an der Zukunft vum Land a seng Mënschen ass, behaapt dee Mann, wou de Populisten a Faschisten op der Insel d‘Dieren opgemaach huet. Esou geet Politik…

Zypern

Dës Wale goufe vun der OSZE observéiert, an d‘Walkommissioun huet folgend Resultater bekannt ginn (a Klameren d‘Resultater vun 2016):

  • DISY 27,8% (30,7%)
  • AKEL 22,3% (25,7%)
  • DIKO 11,3% (14,5%)
  • ELAM 7% (–)
  • DP 4% (–)

De Generalsekretär vun der dem lénke Spektrum zougehéiereg AKEL (Partei vum Wierktätegen), Andros Kyprianou, huet eng aner Analys vum Walausgang. Et wier him a senge Matstreider an dëser Walcampagne net gelongen, d‘Bierger dovunner ze iwwerzeegen, eppes géint d‘Korruptioun an d‘Frëndschaftsdéngschter ënnerhuelen ze kënnen. Dat ass zumindest ongewinnt éierlech.

D‘Hannerdier zum europäesche Pass

An der Campagne zur Parlamentswal, hat sech ee zentraalt Thema opgedoen: „Staatsbiergerschaft géint Investitiounen“. Gemengt ass d‘Vergab engersäits vun der zypriotescher Staatsbiergerschaft, an anersäits dem Pass vun der Europäescher Unioun. Deen ass bekanntlech ee wichtege Sesam, och fir net ganz esou éierlech Mënschen an därer. D‘Kolleege vun al-Jazeera haten 2020 ee groussen an interessante Reportage gewisen, aus deem ervirgaangen ass, datt héichrangeg zypriotesch Beamten, bekannte Kriminelle géint eppes finanziell Ënnerstëtzung, esou ee „gëllene Pass“ besuergt hunn.

Zypern

Dat weess och d‘EU-Kommissioun an wie soss nach sollt fir den Dossier zoustänneg sinn, mee do ass jo net gläich ee Mënsch kriminell, just well ee mat illegalen Aktivitéite säi Liewe bestreit. Soss misst ee sech jo och selwer nees a Fro a stellen. Dat de Parlamentspresident am Hierscht 2020 huet missen de Hutt huelen (fräiwëlleg zeréckgetrueden) well hie sech mat de Féiss am Ligenteppech verfaangen hat, just en Detail. Bréissel war awer du genéidegt, géint déi eegen Iwwerzeegung hei mussen anzegräifen, an d‘Vergab vun de Päss ze monéieren. Offiziell wier domadder elo Schluss…

Problemzon: „Migratioun & Asylpolitik“

Europa, méi Polit-Konsortium wéi Staatebond mat sozialer a politescher Verantwortung, verseet op esou ville Niveauen, datt sech eigentlech mat Vernonft léisbar communautaire Problemer, ëmmer méi an déi lokal Politiken amëschen. Laut Eurostat, huet Zypern déi héchste pro-Kapp Unzuel vun Asyldemandeuren an der EU. A well Europa net solidaresch ass, besteet den Ausnamezoustand.

Zypern

Bréissel weess dat, an iergendwéi schéngt et schonn – well d‘EPP vum Manfred Weber dat ëmmer scho bewosst gefërdert huet – datt dat Ganzt System huet. Wien alles ënnerhëlt, Friemenhaass mat ënnerloossener Hëllefsleeschtung an d‘Mëtt vun der Gesellschaft ze féieren, weess datt hien net déi demokratesch Kräfte stäipt. An dann ass do jo och nach den NATO-Partner Tierkei, op der Insel…

Dat bréngt eng weider Besonneschkeet mat sech: Walberechtegt si ronn 550.000 Mënschen, mee wielen dinn eigentlech nëmmen déi „griichesch“ Zyprioten. Déi „tierkesch“ Zyprioten dierfte jo wielen, mee engersäits ass et dësen net erlaabt d‘Republik Zypern unzëerkennen an anersäits hunn sech rezent selwer „Presidentschaftswalen“ ofgehalen. Dat huet eng interessant Konsequenz.

Zypern

Eigentlech huet et am zypriotesche Parlament 80 Mandater. Well awer d‘Tierken, déi eigentlech schonn Zypriote sinn, awer net wëllen oder dierfen u Wale vun der „Republik“ deelhuelen, ginn dann elo och nëmme 56 Mandater am Parlament besat. Déi „aner“ mussen eidel bleiwen. An do huet et nach eppes: d‘Parlamentswal huet keen direkten Afloss op d‘Anastasiades-Regierung…

mat indymedia/nic

Illustratioun: Dimitris Vetsikas / pixabay

Related topics Konservativ, Parlamentswalen, Republik Zypern, Rietsextrem, Zypern
Next post Previous post