Bieder vum Park: Zu Esch ass de Summer fir d‘Waasserrate gerett
Fir d‘Escher Bierger an d‘Awunner aus der Ëmgéigend déi sech
Fir d‘Escher Bierger an d‘Awunner aus der Ëmgéigend déi sech
Zu Lyon (Frankräich) ass et gëschter am Nomëtten zu engem
Esou strubbelvoll hate mir de grousse Sall vun der Rockhal bal nach ni erlieft. Nach no dem Gedrénksstand am hënneschte Beräich stounge begeeschtert ZZ Top Fans aus allen Alterskategorien an hunn op d’Stare vum Owend – de Billy Gibbons, Dusty Hill an Frank Beard – gewaart. Datt eng Grupp no esou laanger Zäit nach besteet – ëmmerhin hunn d’ZZ’en sech 1969 zesummegeschloss – a mat Blues- an Hard Rock Jonk an Al faszinéiere kann, ass an enger schnelllieweger Zäit éischt seelen.
Mat Zäit sinn déi al Hären dunn, ouni grousse Spektakel, op d’Bühn komm an hunn hire Programm ofgeliwwert. Trotz haarder Musek sollt de Concert sech weiderhin esou roueg ofspillen, wéi d’Museker d’Bühn betrueden hunn. Wärend an no all Lidd hunn déi zuelräich Fans gejubelt, matgesongen a geklappt. Mat enger nichterner Observatioun huet ee sech allerdéngs gefrot, ob den Optrëtt vu ZZ Top tatsächlech wéinst dem Talent, oder vläicht awer éischter wéinst engem Hype an dem laange Bestoe vun der Grupp esou gelueft ginn ass.
Kuckt ee sech de Concert genau un, esou hunn d’Museker sech relativ wéineg Méi ginn, wat d’Bühnebild, Beliichtung a Show ugeet. Generell stoungen si hir Stonn op der Bühn, hunn hir Songs een nom anere gespillt an och wéineg mam Publikum interagéiert. An och wann ee sech hei natierlech keng akrobatesch Meeschterleeschtunge vun den scho bal 70 Järegen erwaarde konnt, sou munchen Amateur hätt et wuel besser hikritt.
Wat zielt ass awer, datt et dem Publikum gefall huet. De strubbelvolle Sall huet sech super amuséiert a sengen Helden de gewënschte Bäifall geschenkt. Gefëllt mat Begeeschterung falen engem déi kleng grouss Makelen un de Rocker och net grad esou op. An dësem Fall si mir also liicht an 2 gespléckt: D’Euphorie ass ze verstoen, trotzdeem kéint een no esou laanger Zäit am Show-Business méi bidden.
Opmaacherfoto © Shari Pleimelding/moien.lu