Eng holistesch Approche zum Buedem

De 5. Dezember ass de „Welt Buedem Dag“ firwat et eppes Aktivismus brauch

Datt mir grad wéi eis Nopere kee gudden Ëmgang mat eise Biedem fleegen, dat gëtt zanter Joren, jo Joerzéngte vu villen Ëmweltverbänn denoncéiert. Dank Klimawandel an dem Stéchdatum „2030“, deen sech d‘Politik aus Grënn ugespéngelt huet, schéngt et ubruecht endlech eng ze ënnerhuelen.

Elo huet d‘Ëmweltverwaltung an engem Bericht drop higewisen, dat den Ëmfang vum Schued betreffend eis Biedem nach guer net vollstänneg erfaasst ass. Ouni gesonde Buedem keng gesond landwirtschaftlech Produkter. Wien sech elo souwisou aus dem Supermarché approvisionéiert, wäert et manner beschäftegen, mee datt de „Buedem“ d‘Grondlag vir eis Ernierung ass, sollt engem scho bewosst sinn. A wéi gesot „déi aner“ ginn net besser mat de biologesche Grondlagen ëm.

Doriwwer eraus, ass et jo och net esou, wéi wann zu Lëtzebuerg net verschiddentlech géif versicht ginn d‘Schied ze reparéieren, weist d‘Ëmweltverwaltung drop hin, datt ausser dem Fait, datt esou verschlechtert Biedem net nëmmen Abousse beim Ertrag mat sech bréngen. Dat betrëfft esouwuel d‘Biodiversitéit, ass eng méi Belaaschtung fir d‘Kläranlagen, an huet och klimatesch Folgen.

Wien kënnt dofir op? A ganz, ganz seelene Fäll soll et virkomm sinn, datt de Verursaacher soll zur Rechenschaft gezu gi sinn. Däraarteg Fäll sinn eis zu Lëtzebuerg, nëmmen am Kontext vun der Bestrofung vu Privatpersoune bekannt, an do handelt et sech ëm éischter geréng Geldstrofen. Dat bedeit datt d‘Käschten, wéi et sech gehéiert, vum Steierzueler gedroe ginn. Dat ass am System, an deem de Profit privatiséiert an d‘Scholde solidariséiert sinn, leider eng Selbstverständlechkeet.

Ëmweltverwaltung

Op den Aktivismus vun der Ëmweltverwaltung zum Joresenn politesch motivéiert oder tatsächlech eescht gemengt ass, léisst sech net mat Sécherheet beäntwerten. Jiddefalls organiséiert dëst Organ tëscht dem 27. November an dem 5. Dezember eng Rei Aktiounen, mat deene soll e Bewosstsinn fir de Schutz vum Buedem op individuellem Niveau erbäigefouert ginn. Klengt no engem Plang, an datt dat vun der TNS-Ilres mat engem Sondage begleet gëtt, ënnersträicht wéi seriéis dat alles ass.

Kultur ass och ee bewäert Mëttel vun der Sensibiliséierung, firwat et Dokumentarfilmer ze kucke gëtt: esou de Film „Dirt! The Movie“ (aus dem Joer 2009) zu Wolz am Präbbeli, 2. Dezember mat engem Ronndëschgespréich zum Gesetzprojet iwwer Biedem (18 bis 20 Auer); an de Film „Kiss the Ground“ (aus dem Joer 2020) am Kinosch, Kulturfabrik Esch-Uelzecht, 3. Dezember 19.30 Auer.

Annexen:

Dernières nouvelles