De Lëtzebuerger Buchpräis 2021

230
Buch
©Chris Liu Ihia/ unsplash

Gëschter um 19 Auer ass et am Centre Prince Henri zu Walfer ganz roueg ginn. D‘Walfer Bicherdeeg sinn nämlech offiziell, an engem feierleche Kader mam Lëtzebuerger Buchpräis a mat der enger an anerer Ried erëffnet ginn. Dat huet Traditioun, et ass een Deel Lëtzebuerg.

Dobäi huet de Walfer Buergermeeschter François Sauber an d‘Kulturministesch Sam Tanson, an dëser 26. Editioun vum Lëtzebuerger Buchpräis net nëmme feierlech, mä och emotiounsgelueden Usprooche gehalen.

Aus iwwer 60 Areechungen huet de Jury eng Shortlëscht mat 16 Nominéierten a 4 ënnerschiddleche Kategorien erstallt. An aus dëse Wierker sinn d‘Gewënner ganz suergfälteg erausgesicht ginn. Dës weidere konnt de Publikum mat engem ëffentleche Voting hire Publikumspräis verginn. Et war nawell ee gelongenen Owend. Am Virfeld konnten d‘Journalisten sech mat den ënnerschiddlechen Editeuren an Auteuren ënnerhalen. Et si Bicher virgestallt ginn. Gespréicher goufe gefouert.

Well ech schonn sou fréi op der Plaz war, konnt ech bei de leschte Preparatiounen nokucken an hunn sou munche Lëtzebuerger Auteur virun d‘Lëns kritt. Och d‘Marie Gales, huet sech uerdentlech op d‘Moderatioun virbereet.

Am Buergermeeschter senger Riet ass et ënnert anerem ëm de Manuel Schortgen, de beléifte lëtzebuergesche Bicherediteur gaangen, deen leider vill ze fréi vun eis gaangen ass.

D‘Kulturministesch Sam Tanson huet erkläert, si wär frou datt dës Foiren erëm stattfannen.

„Et ass dat Evenement ronderëm d‘Buch zu Lëtzebuerg. D‘Lëtzebuerger Bicherwelt ass villfälteg a suergt fir sou munch Iwwerraschung. Mee leider ass et ee sensibele Marché.“ D’Sam Tanson hofft, datt déi Lëtzebuerger Literatur beim Lieser ukënnt.

Natierlech ass och de Ian De Toffoli, President vun de lëtzebuergesche Bicherediteuren (mat sengem kënnegen Humor, dee mir sou gär hunn) zu Wuert komm. Hien huet ënnert anerem erkläert, datt sech dës d‘Joer ongeféier 226 Leit fir d‘Soirée ageschriwwen hunn. Dat sinn der esou vill ewéi nach ni. Mee dat kann och un de Schnittercher leien. Oder?

Och de Joseph Kayser, een talentéierte, lëtzebuergeschen Auteur huet an enger beandrockender an emotionaler Riet un de Manuel Schortgen, säi Familljebetrib a seng Fra Lena geduecht. Et war een emotionale Moment, deen fir Héngerhaut gesuergt huet – zemools wann ee selwer d‘Bekanntschaft mam Här Schortgen senger iwwerwältegter Perséinlechkeet gemaach huet.

„Hien huet aus dem Verlag gemaach, wat en elo ass. Hien war sech fir näischt ze schued, och d‘Këschte voller Bicher huet hie selwer bei d‘Auteure geschleeft.” Et ass keen Aen dréche bliwwen. Wat fir ee schéinen Hommage!

Den Owend selwer war eng Renconter mat alen an neie Gesiichter. Ënnert dëse war de Claude D. Conter, Direkter vun der BNL, d’Auteuren Tullio Forgiarini, Jean Back, Jeff Schinker, Jemp Schuster, Gast Groeber, d’Nathalie Ronvaux an esou vill anerer.

An hei sinn endlech d‘Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis. Se si wuel verdéngt!

• Literatur
Jemp Schuster, „Bluttsëffer“, Imprimerie Centrale
• Sachbicher
John Marshall, „#LuxUKLinks“, Maison Moderne
• Kannerbicher
Marina Fonseca & Lisa Junius, „Waking the Mountain“, Zoom Éditions
• Design
40 Years Valentiny Architects: Stories from Inside, Point Nemo Publishing
• Publikumspräis
12 nei Gutt-Nuecht Geschichten vum Sonja Bintener an dem Snejana Granatkina, Editions Phi

Et war ee interessanten Owend, deen definitiv Loscht mécht, sech erëm méi mat Luxemburgensia ze beschäftegen. Well mir Lëtzebuerger hunn et drop – sief dat schrëftlech oder op der Bün selwer. Jo, Lëtzebuerg rockt, mir mussen d‘Aen just grouss genuch opmaachen an et gesinn.

Et gesinn a genéissen – am Bewosstsinn, datt mir een Deel dovunner sinn. Elo bleift nëmmen nach eppes ze soen, d‘Walfer Bicherdeeg kënne kommen. Mir si prett!