Pandemie: EU-Kommissioun mécht Drock (kommentéiert)

Déi sanitär Kris entwéckelt sech ëmmer méi zu engem ganz lukrative Wirtschaftssecteur, an wéi mat de Masken, dierften och hei politesch Acteuren eng zolidd Plus-value erzilen. Dat bescht awer – aus politescher Siicht – et huet een nees d‘Kontroll iwwer de Bierger erlaangt...

D‘EMA huet den Impfstoff fir Kanner ab 5 Joer zougelooss a recommandéiert, d‘Infektioun mam Covid19 verbreet sech trotzdeem rasant aus, an et huet vill Mënschen déi de recommandéierten an erwisenermoossen alternativlose Vaccinen net trauen. Elo ass d‘Ursula von der Leyen sténksauer a verlaangt vun de Memberlänner endlech Mesuren ze ergräifen.

„Impfen! Elo! Jiddereen!!“ esou den neie Motto vun der EU-Kommissioun, deen offiziell nach hei als „Empfeelung“ soll vun de Medie verkläert ginn. Dat zumindest de Wonsch vun der Pressestell vun der Kommissioun. E verständleche wann och gewote Wonsch, deen eigentlech sollt als Uerder verstane ginn. Dat zanter gewosst ass, datt een de Choix zu hunn huet deen engem virgesat gëtt…

Wéi och ëmmer, um Donneschdeg huet déi konservativ Cheffin vun Europa, déi eppes vill Beroder beschäftegt an eng enk Bezéiung mat der Wirtschaft an Industrie fleegt, matdeele gelooss: „Bis Enn dëser Woch (dat ass schonn haut) wäerte mir eng Milliard Impfdosen un d‘Memberlänner geliwwert hunn“. Eng Info, déi a Relatioun mat der recommandéierter Booster-Impfung ze stoe schéngt.

Covid19

D‘Opfrëschung, de Rappell oder Booster, déi zousätzlech Dosis huet mindestens esouvill Nimm wéi et ganz ënnerschiddlech Bewäertunge vun enger Impfung huet, déi weder virun enger Infektioun nach der Transmissioun schützt, an änlech wéi vill Haushaltsapparater, iwwert eng ganz lukrativ awer scheinbar gewollten Obsoleszenz verfüügt. Dofir brauch et elo all 6 Méint eng Dosis.

Richteg ass dann och, datt déi zwou gréissten europäesch Gesondheetsverwaltungen (dat sinn déi wou d‘Etüde vun den Hiersteller „bewäerten“ an dann, änlech wei den DEA vum Premier, als gutt a stëmmeg befannen) eng drëtt Impfung als „Opfrëschung“ recommandéieren. Dat wëll de Vaccin no sechs Méint seng Wierkung verléiert. Leider ass d‘Recommandatioun keng „Propose“ mee Befeel.

Op wat ass d‘Politik aus?

Obwuel sech – ausser den Éisträicher – kee Land, och d‘EU-Kommissioun net, derzou duerchrénge kann, d‘Impfflicht gesetzlech festzeleeën, ginn d‘Bierger gedirängelt a wéinst engem „falsche“ Choix ganz bewosst an offensichtlech diskriminéiert. Eng Diskriminéierung, déi jee no Kontestand méi oder manner Wierksam ass. Et wëll ee jo politesch net „déi eege Leit“ géint sech opbréngen.

Dofir kann am presente Kontext definitiv net méi vu Recommandatioun an/oder Empfeelung rieds sinn. Et ass en elo ganz kloer an der Phas vum Impfzwang, wat ee mat eppes Intelligenz iwwert ugepassten oder reforméiert Pandemiegesetzer, zumindest politesch hätt entschäerfe kënnen. Et ass folgerichteg politesch beabsiichtegt, d‘Leit fir domm ze halen an op d‘Barrikaden ze dreiwen, oder?

Anescht jiddefalls kann een eng Recommandatioun net erklären, wann et gläichzäiteg heescht, datt een sech deemnächst net méi fräi bannent der Unioun beweegen dierf, wann een net dee vun der Politik gewënschten Impfschema noweise kann. Offiziell heescht et awer, datt dëse „Wonsch“ just geduecht ass, fir onkoordinéiert Reesbeschränkunge bannent der EU ze verhënneren. Eng Ligen?

Et sollt een also dovunner ausgoen, dat eis Regierung zäitno annoncéiere wäert, dat Choix dee keen ass, elo mindestens dräi Impfdose recommandéiert fir nach dierfen een Zertifikat ausgestallt ze kréien. Wien schonn een huet, kann dësem ouni d‘Booster-Impfung deemnächst Äddi soen. Gutt datt een dann awer nach tëscht zwee mRNA-Impfstoffer wiele kann, esoulaang Pfizer drop steet…

Interessant, laut dem Didier Reynders – ee belsche Politiker mat dubiéiser Vergaangenheet – deen d‘Mandat vum EU-Justizkommissär bekleet, sollen dës Mesure sécherstellen, datt de fräie Persouneverkéier an der Unioun garantéiert bleift. Dofir solle lännerspezifesch Areesbestëmmungen ofgeschaaft ginn. De Präis dofir: ouni Boosterimpfung verfält den Covid19-Impfzertifikat.

Leider ass och den Didier Reynders ee Ligener, well unhand der Applikatioun vun de Mesure bei eis am Land ass längst gewosst, dat wat de Belsch als Aschränkunge bannent der Unioun als vernënfteg an Zilféierend hält, bei eis agesat gëtt, fir Mënsche mat Entloossung an weideren net akzeptabele Konsequenzen ze dreeën. An dat ëmmer mat: „Dir hutt de Choix, wann et eisen ass“.

Wéi och ëmmer, d‘Länner mussen elo nach just der Kommissioun zoustëmmen an da kënnen déi nei Reegele schonn am Januar a Kraaft trieden. Dat dierft vill Politiker erfreeën, well dann ass et jo nees Bréissel Schold. A wann een als Vernonftsmënsch absolutt vertrauen an d‘Impfung huet, et beschläicht een zuweilen d‘Gefill, datt d‘Pandemie fir gewësser Kreesser ee lukratiivt Geschäft ass.

mat indymedia/bru

Latest news
Related news